Forums
L'offre culturelle en ville, vos commentaires. 
Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg
Auteur: salmo (IP enregistrée)
Date: 12-04-2011 10h10

Ech sinn elo zoufälleg op dësen Sujet gefall, mé ech kann dat nëmmen bestätegen wat hei opgeworf gët.
Virun allem bei der B&J Rallye ass kee Sécherheetskonzept erkennbar, oder, anescht ausgedréckt: Wann dat de Sécherheetskonzept ass, wat een do gesäit, dann ass die grouss Katastroph virprogramméiert.

Ët geet nët duer vir Dosenden Sécherheetspersonal dohinnerzestellen, mé ët geet ëm d'Kanaliséierung vun de Mënschestréim an hir Berechnung. Schons am Normalfall, ouni Panik, ass ët bal nët méi tragbar. Ech war eng Kéier do wou ët no um Ausbroch vun enger Panik war, an zwar do wou ët extrem eng ginn ass an der rue de Trèves (+/-Héicht rue du Rham).

Do missten, als strikten Minimum (!) 1. die 2 Bewegungsrichtungen vuneneen getrennt ginn (matt massiven Trennmëttelen, déi nët ëmfaalen), an 2. den Zougang vun zeville Leit an dee Beräich begrenzt ginn (Zougangsstopp wann zevill Leit an deem Beräich sinn).

Ausserdem missten, fir den Eeschtfall, beliichten Zeechen mat akustescher Ënnerstëtzung d'Stréim an die gëwënschten Evakuéierungsrichtung leeden.

Ech si kee Fachmann an deem Beräich, mee ech mengen awer garantéieren ze kënnen, datt de Responsablen vun der Secherheet vun där Manifestatioun "im Falle des Falles" viru Geriicht nët vill Chance hätt !



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 762 cyrille 01-08-2010 23h06
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 534 Moderateur1 16-08-2010 10h23
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 527 cyrille 17-08-2010 20h57
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 540 salmo 12-04-2011 10h10
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 516 Moderateur1 14-04-2011 08h59


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.