Forums
L'offre culturelle en ville, vos commentaires. 
Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg
Auteur: Moderateur1 (IP enregistrée)
Date: 16-08-2010 10h23

Léiwen Här Horper, hei d'Äntwert vum OFFM (Office des Fêtes, Foires et Marchés) op Är Froen:

Merci fir Är Gedold, mir sinn momentan mam Opbau vun der Schueberfouer beschäftegt an do bleift d’Korrespondenz noutgedrongen méi laang leien.

Am Artikel ass vun Nationalfeierdag riets, fir e Beispill ze ginn, a well dat de gréissten Event ass, dee mir organiséieren (vun der Visiteursunzuel déi an engem Owend zesummenkënnt). Dat wëllt awer net heeschen dass op den aner Manifestatiounen net no der Sécherheet gekuckt gëtt, au contraire!

Dei sämtlech Interview’en sollten glaichzaiteg drop hiweisen, datt mir am Grand-Duché keng règlementéiert Eventsecurity hunn. Dat wëllt heeschen, dass zwar d’Iwwerwaachungsfimen e Statut hunn, mee déi Firmen, déi op den Manifestatiounen hellefen d’Sécherheet ze garantéieren, net ënnert dës Gesetzgebung falen. Mir als Stad Letzebuerg hunn eis zoustänneg Ministèren schonn puer mol op desen “Manque” opmierksam gemaach.

Am Virfeld vu grousse Manifestatiounen, déi d’Stad Lëtzebuerg selwer organiséiert (Nationalfeierdag, Schueberfouer, Emaischen, Public Viewing, etc.) fannen Reunioun’en statt, zesummen mat der Police, dem Service Incendie et ambulances an all den zoustännegen Gemengeservicer. Hei ginn all Eventualitéiten duerchdiskutéiert an et gëtt e Sécherheetskonzept ausgeschafft.

Bei all den Manifestatiounen, déi vum LCTO oder privaten Organisateur’en kommen, wäert d’Stad Lëtzebuerg sech ab 2011 vill méi intensiv amëschen a matbestëmmen. Zemools wat den Blues ‘n Jazz Rallye ugeet: sou gëtt d'nächst Joer, zesummen mam LCTO (Organisateur), dat ganzt Sécherheetskonzept nach emol a Fro gestallt an eventuell bestehend Mängel ginn ausgebessert.

Am Gronn wären dëst Joer 10 Leit fir den Lift-System zoustänneg, 6 Leit op der Bréck, 25 Leit am ganzen Gronn op verschidden Plazen verdeelt, an 9 Leit dei beim Bisserwee den Accès kontrolléiert hunn. No dem Fakelzuch sinn dunn au fur et à mesure nach weider Leit roofgescheckt ginn, sou dat am Endeffekt iwwert 50 (!) Security Leit präsent wären (Käschtepunkt 15.000 € !)

Iwwregens gouf déi Persoun 1991 beim Freedefeier innerhalb vum engem Sécherheetsperimeter blesséiert! Den Accès zu dësem gouf net sou kontrolléiert, wéi dat ofgemaach war, divers Leit hunn do hier Aarbecht net richteg gemaach. Ab deem Joer huet keen déi ganz Organisatioun vun engem Freedefeier méi op d’liicht Schëller geholl. Vum Dépôt, iwwert den Opbau, den Transport an d’Opstellen vum Freedefeier ass haut alles iwwert eng Commodo-1-Prozedur geregelt, dat heescht et ass alles sou sécher wei nëmmen méiglech.

Mir probéieren den Risiko vun engem Zwëschefall sou kleng wei méiglech ze halen a wäerten och an Zukunft d’Leit méi sensibiliséieren. “Safety first”!



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 761 cyrille 01-08-2010 23h06
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 533 Moderateur1 16-08-2010 10h23
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 526 cyrille 17-08-2010 20h57
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 539 salmo 12-04-2011 10h10
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 515 Moderateur1 14-04-2011 08h59


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.