Forums
L'offre culturelle en ville, vos commentaires. 
Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg
Auteur: cyrille (IP enregistrée)
Date: 01-08-2010 23h06

Moien,

ech sin perséinlech entsaat ze gesin, wéi liichtsenneg mat der Sëcherheet zu Duisburg gespillt gouf. Ech stellen mer elo viirun allem d'Fro, ob och hei zu Lëtzebuerg bei verschiddenen Leit endlech eng Luucht am Kapp ugaangen ass.

Dësen Beitraag ass speziell un den Häer Weydert vum Service des Marchés et Fêtes adresséiert:

Ëch hun elo op WORT.LU gelies, datt d'Sëcherheet bei Events an der Stad grouss geschriwwen gët. An deem Artikel gët eenzeg an alléng iwwert d'Feierlechkeeten vun Nationalfeierdag geschwaat. Dobei heescht ët, datt alléng fiir d'Kontroll vum Zoufloss vun den Leit am Lift vum Helleg-Geescht-Plateau ronn 50 Leit vun der Security géngen schaffen. Zwar fannen ëch den System vum sens unique (den Lift däerf een nëmmen huelen fiir erop) gudd, mee ëch froen mëch wou déi 50 Leit nëmmen bliwwen sin dëst Joer. Ëch hun der héchstens eng Dosen vun der Security gesin (!)

Dann froen ëch mëch, ob d'Sëcherheet bei Veranstaltungen am Gronn gesëchert ass: an den enken Gaassen tummellen sëch DAusenden vun Leit, an daat, ouni datt ët en "Ausgang" gët. Dëst gëlt haaptsächlech beim Blues&Jazz Rallye, wou 25.000 Leit (!!) ënnerwee sin. Déi lescht Joeren koum ët ëmmer erem dozou, datt an der Rue de Trèves honnerten vun Leit vun uewen no ënnen an honnerten Leit deen ëmgedréinten Wee gedréckt hun. Kléng Leit (zB och Kanner) kréien jo baal Angscht an d'Leit fänken un aggressiv ze gin (den Ielebou eraus fir méi séier duerchzekommen). Mee d'Kiischt um Kuch ass dann aawer datt d'Organisateuren OP GENNEE DESER PLAATZ OCH NACH 1. een Gedrénksstand, an 2. eng Bühn (!!!) dohinnerstellen!!!
Ëch wëll nëmmen drop hinweisen datt zu Duisburg Leit gestuerwen sin well së iwwert en Gelänner gestoplert sin an zerdréckt goufen - am Gronn géng den Bord vum Trottoir duergoen fiir ënzefaalen...

Vläit wäer ët un der Zäit sëch d'Fro ze stellen, ob een nët sollt dës Plaatzen fräi haalen. Ët ass vläit schéin wann een an kléngen Gaassen Concert'en organiséiert, mee muss een ëmmer waarden bis datt d'Kand an d'Pëtz fällt?

Bis 1991 war ët jo och egal, ween ënnert (oder op) d'Nei Bréck geet fir d'Freedefeier ze kucken...bis datt Leit vun enger Rakéit getraff an mat schwéieren Verletzungen an d'Spidol gefouert goufen...

Mat beschten Gréiss,

Cyrille Horper



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 761 cyrille 01-08-2010 23h06
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 534 Moderateur1 16-08-2010 10h23
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 526 cyrille 17-08-2010 20h57
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 540 salmo 12-04-2011 10h10
  Re: Loveparade: Secherheet bei Events zu Lëtzebuerg 515 Moderateur1 14-04-2011 08h59


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.