Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Reorganisatioun vun de Bussen AVL vum 01.06.2015
Auteur: Bouneweger (IP enregistrée)
Date: 03-06-2015 08h29

Et schéngt mir ubruecht fir den zoustännege Servicer alleguer ze felicitéire fir déi Reorganisatioun, déi secher net einfach war esouwuel fir ze plangen ass wéi fir ëmzesetzen. Matzäite war de Public informéiert, iwwer Nuecht waren d'Arrêt-ën all preparéiert fir di nei Horairën a Linien. An dat Ganzt ass den 01.06 ouni Accroc iwwert d'Bühn gaangen, wat ganz sécher enger optimaler Viirbereedung ze verdanken ass.

Di nei Linien an/oder Streckeführunge schénge mir adaptéiert, wéinigtens fir déi Linien, déi ech regelméisseg benotzen.
Ech hunn awer di heemlech Hoffnung, datt z. B. iwwer d'Taktfrequenz daagsiwwer vun der Lin 4 tëschent Hollerich an der Gare nogeduecht gëtt. Mat nëmmen all 20 Minutten ee Bus sinn déi Bussen ganz/zevill voll. Esou erlieft gëschter (02.06.15) em 16.20 Auer.

Iwregens: dee faarwege Linieplang ass alles anescht ass wéi ee "Spaghetti-Monster" an/oder net ze verstoen! Di éiweg Nörgler verweisen ech op d'Liniepläng vu Roum, Paräis, Wien oder London! Eng graphesch Duerstellung vu méi wéi 30 Linien ass nun emol komplex.

Mat beschte Gréiss.



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Reorganisatioun vun de Bussen AVL vum 01.06.2015 195 Bouneweger 03-06-2015 08h29


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.