Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Place du Parc zu Bouneweg
Auteur: pa (IP enregistrée)
Date: 30-12-2014 11h13

Zu Bouneweg goufen virun ë puer Joer d'Strooss ronderem d'Place du Parc (an och rue Gounod a Cour du Couvent) frësch gemat. Dat gesäit alles immens schéin aus. Do ass lo eng Zort Foussgängerstrooss ouni Trottoir wou awer d'Autoen normal dierfen doduerch fueren (wéinstens just Tempo 20). Ech wollt mol froen, wéi konform mam Code de la Route respektiv der Signalisatioun di ganz Saach ass?

Beispiller:

- Ët ass keen Trottoir laanscht d'Haiser, mee Parkplaatzen sin mat groen Däppecher op de beigen Sténgplacken vun der Strooss agezeechent. Déi Markéirung ass bal onméiglech zë gesin, wann ee net weess, datt së do ass. D'Autoen halen duerfir egal wéi do, sou datt tëschent den Autoen an den Haiser oft keen Duerchkommen ass. Sin di gro Däppecher iwwerhaapt konform mat der offizieller Signalisatioun? Firwat net normal wäiss Rechtecker dohi molen? Déi kennt a versteet jhiddereen, mee pass wahrscheinlech net zum "Style".

- Wéll keen Trottoir do ass, huelen ech jo och un, datt lo am Wanter och kee Schnéi do muss geschëppt gin? Oder mussen d'Awunner di ganz Strooss fräi maachen?

- An der Place du Parc-Strooss si just op der Säit vun den Haiser Parkplatzmarkéirungen mat de groen Däppecher. Op der Säit zum Park hin ass ongeféier 2 Meter wäit an d'Strooss eran eng Zort Kulang. Dee gesäit awer sou extrem no enger Spuermarkéirung aus, datt vill Leit sëch dohi parke gin, wéll dee Kulang eben zoufälleg eng Autosbreed vum Park ewech ass. Oft ass do da just nach eng Spuër fir zë fuere fräi, sou datt ee bei Géigentraffik relativ domm do steet.

Méng Propose: Kinnt een aus där Pseudospuer net einfach eng offiziell Parkspuer maachen (wéll u Parkplaatzen fehlt ët der méi wi genuch) an di ganz Place du Parc-Strooss an ë Sense unique ëmwandelen (sou wi d'rue Gounod an d'Cour du Couvent ët scho sin.)?

- D'Plaatz gouf ganz schéin mat enger Wiss (d'Hënn fréen sëch!) ronderem de Kiosk amenagéiert. Direkt niëwent der Wiss sti Beem mat Kresi-quadrater ronderem. Da kënnt direkt eng kléng Baach wou Waasser dra leeft. An dann direkt d'Strooss. Wou solle Leit do ronderem di Plaatz kënne goen? Iwwert de Bord vun der Baach hopsen? Mat der Poussette duërch de Kresi drécken? Oder ebe just duerch d'Wiss trëllen an härno de Muppendréck vun de Schong kraatzen? Do fehlt eben och erem den Trottoir an ë Gesamtkonzept.


- Mäi Fazit an eng allgeméng Fro:
Den Aménagement vun sou enger Plaatz gesäit wirklech flott a modern aus, mee gin beim Ausschreiwen vun sou Architekteconcoursen kéng Contrainte gesat? Opmannst di normal Eegeschaften vun enger benotzbarer Strooss (Trottoiren, verständlech Signalisatioun) missten dach awer berücksichtegt gin!

Merci a Sorry fir dee laangen Text



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Place du Parc zu Bouneweg 215 pa 30-12-2014 11h13
  Ganz richteg 123 salmo 08-01-2015 17h13


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.