Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Komesch Gestalten op de Parkingen
Auteur: salmo (IP enregistrée)
Date: 11-12-2014 00h16

An der Lescht sinn nees iwwerall op dene grousse Parkingen Heescherten ënnerwee, déi engem ongefrot eidel Parkplazen "uweisen". Duerno komme se dann fir Suen ze froen duerfir.
Et gët engem Angscht a Baang fir säin Auto wann ee näischt ginn huet, duerno sinn da Schréipsen drun (wa nët vill Betrib um Parking ass).
Selwer erliewt nees dës Woch um Parking bei der Post/Gare an um Glacis.

Wat mecht eis Police do dergéint?
(Eis Parkwiechter maachen allzäit näischt, well déi lossen se gewäerden...Mellen se dat wéinstens?!?)

Et ass elo vläicht fir deen een oder aaner nët déi Prioritéit, mee dat ass esou e schläichenden Sécherheetsverloscht a biergt d'Gefor a séch, datt dann nach aner Saachen no kommen.

Mer hunn esouvill Suen fir deier nei Gebäier, mat "Kunst am Bau" fir horribelt Geld, mee fir d'Police oder allgemeng d'Sécherheet schengt näischt do ze sinn - oder ass de Focus bei der Police esou ausschliesslech op Verkéierskontrollen an Drogen ausgeriicht, dat fir e breede Spektrum vun (och noutwendegen) Aktiounen näischt méi iwwregbleiwt ?!

Wéi oft gesinn ech eng normal Patrouille zB zu Bouneweeg? Esou gudd ewéi nie...
Présence weisen ass och eng Taktik fir esou Saachen ze ënnerbannen !



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Komesch Gestalten op de Parkingen 203 salmo 11-12-2014 00h16
  Re: Komesch Gestalten op de Parkingen 156 Moderateur1 11-12-2014 17h42
  Re: Komesch Gestalten op de Parkingen 155 salmo 12-12-2014 10h38


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.