Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Re: Velo = Danger
Auteur: erny (IP enregistrée)
Date: 14-05-2013 14h20

Als eng ganz aner (a sënnvoll) Approche, giff ech mol gäre meng Erfahrung aus Japan erabréngen:
Do fuere Velo'e grondsätzlech um Trottoir, d.h. et ass vum japanesche Code de la Route esou virgesinn, an dat klappt och ganz gudd.
Et muss ee bedenken, dass eisen (de lëtzebuergesche) Code de la Route aus de 1950er Joëre staamt, déi Deeler di de Vëlosverkéier betreffe si vläicht suguer nach méi aal. Deemools war et wuel verständlech Vëlo'en an Auto'en (huet béides Rieder) an di selwecht Kategorie ze geheien, an d'Foussgänger vu béiden Zorte "séier" Gefierer ze schützen.
Ech denken awer hautdesdags misst een dat aanescht maachen: Vëlo'en a Foussgänger gehéieren opgrond vu Vulnerabilitéit an eng Kategorie, motoriséiert Gefierer an di aner Kategorie. Wat d'Vitesse ugeet, ass e Vëlo och méi no bei de Foussgänger wi bei den Auto'en.
Ech sinn zwar 100% fir Vëlospisten (och getrennt vun den Foussgängerweer), mee wann et keng Vëlospist gëtt, séilt d'solution par défaut sinn, dass de Vëlosfuerer den Trottoir dierf benotzen.



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Velo = Danger 329 CSch 03-05-2013 11h52
  Re: Velo = Danger 213 erny 14-05-2013 14h20


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.