Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Vëloswee: Chantier Rue des Hauts Fourneaux Beggen/Dummeldeng
Auteur: kilik (IP enregistrée)
Date: 13-04-2012 09h16

Zënter e puer Méint ass ëmmer erëm d'Rue des hauts fourneaux tëschent Beggen an Dummeldeng gespaart, an domat och een vill benotzen Vëloswee (PC1). Fir d'Autosfuerer steet op der Place d'Argent een Schëld wou een drop higewisen gëtt dat dës Streck gespaart ass. Op der Vëlospiste hunn ech esou Schëld bis elo nach net gesinn. Esou dat een guer net weess op nach Chantier ass an wei laang dësen nach dauert. Dat selwecht gelt fir d'Foussgänger: och dës kréien net ugewisen op se nach den Trottoir deen laanscht d'Strooss geet, nach benotzen kennen.

Vue dat den Detour fir d'Vëlosfuerer an Foussgänger iwwert d'Beggenerstrooss zimlech laang an onbequem ass, wier et gutt wann kloer géif signaliséiert ginn op een nach laanscht kennt. Am Beschten wier et natierlech wann ee Passage fir d'Foussgänger nach géif fräi gelooss ginn (wou een zu Fouss mam Vëlo am Grapp och nach laanscht kéim).

Vue dat et sécher net fir d'lescht ass dat Strooss do fir de Bau vun den Appartementer gespaart gëtt an dëse Vëloswee vun villen Leit benotz gëtt, géif et mech feeën wann een an Zukunft besser informéiert gëtt. Dat gëllt fir all Chantier op engem Vëloswee. Ech sinn zum Beispill ganz dankbar dat am Grond beim Chantier um Bisserwee (och PC1) extra mat vill Opwand eng Deviatioun gebaut gouf.

mat beschten Gréiss



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Vëloswee: Chantier Rue des Hauts Fourneaux Beggen/Dummeldeng 362 kilik 13-04-2012 09h16


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.