Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen !
Auteur: salmo (IP enregistrée)
Date: 27-03-2012 10h34

Merci fir Är Äntwert.
Ech hat mer schons geduecht datt së esou ging ausfaalen.

Ët léisst natierlech déif blécken, wann d'Administratioun (emol nët d'Politiker /Schäfferot) vun der VdL, déi esou déif an déi GIE involvéiert ass, nët wëllens ass déi Etuden ze publizéieren.
Am GIE sinn als Vertrieder vun der Gemeng Lëtzebuerg folgend Beamten (http://www.mt.public.lu/projets/chemins_fer/tram/constiGIE.pdf) :

Monsieur Jean SCHILTZ, Ingénieur-Directeur-Coordinateur
Monsieur Thierry KUFFER, Directeur du service financier
Monsieur Edouard STREITZ, Directeur adjoint de la division mobilité urbaine
Monsieur Gilbert ZAHLES, Chef de service coordination des chantiers19
Madame Martine VERMAST, Architecte-directeur
Monsieur Jean HOFFMANN, Ingénieur-Chef de service voirie

Domatt stellt séch also d'Fro wiesou Beamten, déi vun de Bierger bezuelt ginn, an hierer Duebelroll (Duebelbeschäftegung) dann nët och kënnen eng Auskunft als Beamten vun der VdL doriwwer ginn?
Emsou méi wie dee ganze Sujet jo direkt an zu 100 % d'Stad Lëtzebuerg an hir Awunner betrëfft...

Ech ging eech bieden dëse Mail denen uewe genanntene Persounen zukoumen ze lossen.
Transparenz sollt nët nëmmen e politescht Schlagwuert sinn, mee och (a grad!) an den Administratiounen ëmgesat ginn. Als Bierger huet een ë Recht drop ze wëssen wat matt eise Suen geschitt. Dëst ass eng reell an ech mengen méi wie berechtegt Opfuerderung fir de Bierger vun der VdL déi Informatiounen zoukommen ze lossen, op déi së e Recht hunn. Ech hoffen jo nët datt ët eng Ursach gët fir dës Informatiounen zréckzehalen. Wat dat ging bedeiten, muss een jo nët weider ausféieren.

Merci.



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 481 salmo 20-03-2012 12h01
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 300 Moderateur2 26-03-2012 17h49
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 323 salmo 27-03-2012 10h34
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 331 Moderateur2 03-04-2012 15h43
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 205 arydw 11-03-2014 10h38
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 132 otto 17-03-2014 18h58


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.