Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen !
Auteur: salmo (IP enregistrée)
Date: 20-03-2012 12h01

Bezüglech dem Tram-Projet an der Stad stellt sech mir eng ganz einfach Fro:

Bis elo sinn anscheinend iwwer 10 Milliounen (!) Euro fir Etuden ausgi ginn.
Wou kann ech als Bierger, deen dat bezillt iwwert séng Steieren, sämtlech Etuden bis op dee leschten Punkt a Komma agesinn? (Internet oder anescht). Ët kann nët sinn datt esou Etuden geheim gehale ginn !

Ech fuerderen heimat offiziell de Moderateur vun dësem Forum resp. de Schäfferot an de Buergermeeschter op, onverzüglech de Bierger vun der Stad Zougang ze ginn zu ALLEN Etuden, die bis elo ënnert der Régie vum GIE Luxtram gemeet goufen. Dës Transparenz ass nët nëmmen mäi Recht als Bierger, mee ët sollt souwiesou eng Pflicht sinn vum Politiker resp. Luxtram dëst vu séch aus ze maachen.

(Remarque: De Site vu Luxtram ass ë Witz! Wann d'Etuden die selwecht Qualitéit an Aktualitéit hunn wie dee Site, da muss een séch jo Froe stellen.)



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 480 salmo 20-03-2012 12h01
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 299 Moderateur2 26-03-2012 17h49
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 323 salmo 27-03-2012 10h34
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 331 Moderateur2 03-04-2012 15h43
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 204 arydw 11-03-2014 10h38
  Re: Tram: Opfuerderung un d'Gemeng vir Transparenz ze suergen ! 131 otto 17-03-2014 18h58


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.