Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Re: Elektresch "Tankstellen"
Auteur: Moderateur2 (IP enregistrée)
Date: 26-04-2011 14h30

Bonjour,

De Schäfferot ass sech natierlech bewosst, dass d’Zukunft vun enger ëmweltsfrëndlecher Mobilitéit ënner anerem an der Elektromobilitéit läit. Dofir gëtt et och ee Groupe de travail bei der Stad Lëtzebuerg dee sech em déi Thematik këmmert. D’Stad Lëtzebuerg ass och Member bei der nationaler Plattform elektromobilitéit.lu fir esou no wéi méiglech un der Entwécklung an deem Beräich drun ze bleiwen.
Déi éischt zouverlässeg Gefierer fänken un op de Maart ze kommen, an d’Stad Lëtzebuerg investéiert dofir schon an den eegene Kaf vun elektresche Vëloen, Autoen a Bussen, a vun Hybrid-Autoen a Bussen.
Selbstverständlech gin sech och Gedanke gemaach iwwert d’Incitatioun vu privater Elektromobilitéit, déi awer aus der Ursaach vu globale Mobilitéits- an Emweltiwwerleungen net kann a Konkurrenz zum ëffentlechen Transport an zur doucer Mobilitéit (Fouss, Vëlo) stoen.
D’Iwwerleeunge ginn dobäi natierlech och a Richtung Ladestatiounen. Allerdéngs weise sämtlech Étuden, dass et un éischter Stell de Präis vun den elektresche Gefierer ass, deen d’Leit vum Kaf offält (et ass leider d’Batterie déi eleng nach ëmmer em déi 15.000 Euro kascht). Stied déi ëffentlech Ladestatiounen opgeriicht hunn, kommen ausserdem och schon deelweis erëm dovunner zréck. Et stellt sech nämlech eraus, dass déi Statioune guer net esou gebraucht ginn, wéi ee sech dat géing denken. D’Praxis weist, dass haaptsächlech doheem an op der Aarbechtsplaz opgeluede gëtt, an net op den ëffentleche Parkplazen. Problematik vu Vandalismus a vum Blockéiere vun de Luedeplazen duerch net elektresch Gefierer kënnt dobäi: de Code de la Route zu Lëtzebuerg erlabt et de Moment net, Parkplaze mat Ladestatiounen am ëffentleche Raum ze reservéieren. Schlussendlech sinn e puer ganz ënnerschiddlech Ladesystemer an der Entwécklung, sou dass ee mat engem Typ vu Borne riskéiert net all Systemer ze bedéngen.
Wéi Dir gesidd, mussen hei nach mussen esou munch Aspekter gekläert ginn, me mir schaffe mir u Léisunge fir eng Elektromobilitéit déi funktionéiert.

Mat bëschte Gréiss,
Moderateur 2



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Elektresch "Tankstellen" 508 salmo 12-04-2011 09h51
  Re: Elektresch "Tankstellen" 337 cyrille 12-04-2011 21h22
  Re: Elektresch "Tankstellen" 356 salmo 13-04-2011 09h31
  Re: Elektresch "Tankstellen" 437 Moderateur2 26-04-2011 14h30


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.