Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Schnéi an der Stad
Auteur: Heng vum Bierg (IP enregistrée)
Date: 21-12-2010 21h48

Ech fannen datt am allgemengen de Streedéngscht an der Stad bei all dësem Schnéi gudd geklappt huet - besonnesch fir déi motoriséiert Leit. Mat Wanterpneuen hat een normalerweis keng Problemer.
Wat ech awer nët verstin, as firwat dat wéi et schéngt besonnesch d'Foussgänger vernolässegt gin. Wann eng Geméngeverwaltung wëllt eppes fir d'Clienten maachen déi bei hir Geschäftsleit sollen akafe kommen, kann ët dach nët sin, datt een haut (21. Dezember no vill Schnéi an Temperaturen iwwer Null) a verschiddenen Haaptgeschätsstroossen muss duerch 30 cm héijhen Schnéimatsch goen (Beispill: Philippsgaass oder Beaumontstrooss). Virun énger Partie Joren as a sou enge Fäll den Hygienedéngscht oder d'Voirie agesprong fir de Schnéi op Camionën ze lueden an an d'Uelzecht ze féieren - a wann ët huet missen sin souguer an der Nuecht.
Et wir och nët schlecht wann op de Foussgängeriwergäng de Schnéi e bësse mat méi Verstand ewech geschëppt gif gin (oder sin dat vläicht just d'Foussgänger déi en nidder getrëppelt hun?) Et bréngt nämlech guer näischt fir just ee Passage vun engem oder zwee Meter fräi ze maachen, ouni op d'manst bis bei den näxte Gulli fräi ze schëppen, well d'Resultat an sou engem Fall si just grouss Pill vu bis zu 15 Zentimeter héijhem Schnéiwasser genau op deem Passage deen ee muss goen.
An da froen ech mech och nach ob an de Schoulvakanzen kéng Obligatioun do as fir den Trottoir ëm de Primärschoulen fräi ze maachen....???



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Schnéi an der Stad 486 Heng vum Bierg 21-12-2010 21h48


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.