Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Re: Autobus an Schnéi
Auteur: alien (IP enregistrée)
Date: 12-12-2010 13h15

Ech verstinn effektiv net wéi en Bus kann op der riichter Streck, op enger Platz wou et weder biergop geet nach et besonnesch glat ass kann esou ausrutschen.
Ausser natierlech mat miserabelen Pneu'en, mä do wär wuel e bëssi vill verlaangt fir och nach anstänneg Pneu'en opzeleen. D'Konsequenz war dass all déi Leit déi op den Bus gewaart hu déi Domm dobäi waren.
Et hat iwwregens op där Platz keen eenzegen Auto een Problem, och déi e bëssi méi grouss Blechkarrossen mat méi wéi enger Tonn.

Et geet net duer ëmmer nëmmen fir den Ëffentlechen Transport ze blären an dann en net konsequent mat guddem Material ze equipéieren.



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Autobus an Schnéi 540 alien 09-12-2010 01h42
  Re: Autobus an Schnéi 517 cyrille 10-12-2010 12h33
  Re: Autobus an Schnéi 530 alien 12-12-2010 13h15


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.