Forums
Vos commentaires sur la mobilité en ville. 
Deen neien Hamilius - Traffic
Auteur: johnnychicago (IP enregistrée)
Date: 29-10-2010 11h31

Ech woer geschter d'Maquetten an den Theater kucken, an deen neien Hamilius ass jo wierklech e flotte Projet - vun deene vier di proposiert goufen, bei witem deen attraktivsten. An momentan ass den Hamilius jo och eng zimmlech Katastrof, mat deem ganzen Bustraffic.

Mee ech froe mech, wat do mam Transport soll geschien. Den Hamilius huet haut 6 Quaien, en plus deen an der Rue Aldringen, an d'Bussen kommen vun bide Siten eran, an an de Spetzestonnen stinn 2, oft 3 Bussen um Quai. De Projet (an och alleguer di aner Maquetten) hun 2 Traimsquaien an 2 Busquaien, mat der Oplo un d'Leit, iwwert de Boulevard Royal ze mussen, fir op di aner Sit ze kommen.

Kann dat duergoen? Wi soll den Bustraffic an Zukunft lafen? Get dat net e riesege Knuet um Boulevard Royal, wann sech dee ganzen Traffic do fennt? D'Stad huet dach do hoffentlech e Plang, oder?



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Deen neien Hamilius - Traffic 439 johnnychicago 29-10-2010 11h31


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.