Forums
Vos commentaires sur nos projets de constructions : écoles, foyers scolaires, crèches et maison de jeunes. 
Bestëmmung vum Schoulgebai rue des Ardennes no 2015
Auteur: romainrassel (IP enregistrée)
Date: 03-05-2011 11h08

D'Ardenner Schoul matt de Garer Kanner aus der fréierer Neippergschoul gehéiert seit der Aféierung vum neie Schoulgesetz matt je engem 1., 2., 3., 4. a 5. Schouljoër zur Ecole Bonnevoie Gellé. (d'Spillschoul an d'6. Schouljoër goufen deemols an der Congregatiounsschoul ënnerbruecht)

Wann ech bedenken, datt mir fir d'nächst Schouljoër 2x8=16 Klassen an der Gellé hunn fir d'Cyclen 2 an 3 an 1x8 Klassen an der Ardenne fir de Cycle 4, da kann ech mer schlecht viirstellen, datt mer no 2015 (ouni Garer Kanner fir all Schouljoër och nach 1 Klass manner gerechent!!) matt 3x6=18 Klassen am Gebai vun der Gellé Plaz hätten.

An dëser Rechnung ass nach keng Classe a kee Cours d'Accueil dobäi an och kee weidere Poste d'Educateur gradué, deen ugefrot ass a mir hunn 19 Klassesäll insgesamt an der Gellé zur Verfügung.

Ech denken, datt et wichteg an noutwendeg ass, elo scho kloër un der Renovatioun oder dem Neibau vum Ardennergebäi fir d'Ecole Bonnevoie Gellé ze plangen.

MbG

R. Rassel
président du comité d'école
Bonnevoie Gellé



Sujet(s) Ecrit par Déposé le
  Bestëmmung vum Schoulgebai rue des Ardennes no 2015 romainrassel 03-05-2011 11h08
  Re: Bestëmmung vum Schoulgebai rue des Ardennes no 2015 salmo 05-05-2011 17h27


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.