Forums
Pour toutes vos questions et suggestions relatives à l'environnement  
Propretéit zu Bouneweeg
Auteur: salmo (IP enregistrée)
Date: 19-06-2015 12h09

Moien,

ët ass leider esou wäit datt een nët méi d'accord ka sinn!
De Knascht op de Plaazen zu Bouneweeg hëlt onakzeptabel Ausmoossen un.
Sämtlech Plaazen an "louche" oder manner louche Ecken am Beräich tëscht Rocade / rue Aug, Charles / rue de Wiltz / rue Gellé sinn eng Katastrof !

Wat mecht eis Gemeng do dergéint? Vläicht mengt sie eppes ze maachen, mee d'Resultat ass nët do, Null!, an dat schons säit Joeren! Dir Dammen an Hären vum Schäfferot, kommt einfach emol op d'Plazen kucken: dat nennt séch an der Industrie "management by walking" an ass eng effizient Method fir erauszefannen wat am Betrib nët leeft - well um Bureau fënnt een dat nët eraus.

Eis Gemeng huet esou vill Suen fir "Konscht um Bau" an aner exklusiv Saachen, déi dem Bierger an der Grondversuergung iwwerhaat näischt bréngen. Et wär vläicht emol un der Zäit d'Prioritéiten vun enger Stadverwaltung nees an die richteg Reihefolleg ze setzen.

Eng Propose: Matt ledeglech 2-3 full time Strossekiererten die ausschliesslech zu Bouneweeg op de kriteschen Plazen agesat ginn, wär de Problem geléist. D'ADEM leeft iwwer vun onqualifizéierten Leit die verzweifelt eng Plaz sichen. D'Stad huet Suen fir déi onméiglechst Luxusproblemer, mee anscheinend näischt fir Basisbesoinen.

Et geet elo wierklech duer ! Gitt emol an d'Schwäiz an eng beliebeg Stiedche kucken wéi propper dat do ass. An d'Schwäizer Stadverwaltungen si sécher nët méi räich wie d'Stad Lëtzebuerg. Et muss een sech schummen hei ze wunnen.

Gitt dëse Message w.e.g. weider un de Schäfferot. Merci.
An der Hoffnung datt elo wierklech emol eppes geschitt.
MfG



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Propretéit zu Bouneweeg 155 salmo 19-06-2015 12h09


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.