Forums
Pour toutes vos questions et suggestions relatives à l'environnement  
Re: Gaardenoofall
Auteur: Moderateur5 (IP enregistrée)
Date: 25-02-2013 15h37

Gudde Metteg,

Mir hu bei eisem Service d'hygiène nogefrot a krute folgend Aentwert:

1.
Betriber kënnen just 1 m3 Gréngs (Jardinage) um Recycling Center vun der Stad Lëtzebuerg GRATIS ooflueden. Wann sie méih eng grouss Quantitéit hun, da mussen sie selwer no enger Méiglechkeet sichen fir déi lass ze gin! Mais déi wärt nët gratis sin! Hei gëlt de Prinzip vum „pollueur-payeur“

2.
Mir weisen drophin dass mir eng monatlech GRATIS Collecte porte-à-porte fir déchets de jardinage iwert d’ganzt Joer maan, wou d’Leit virun hirer Dier hir Gaardenoffäll gebëndelt eweg geholl kréien.

Falls sporadesch eng gréisser Quantitéit Gaardenoffall bäi engem Stoot/Haus ufällt, well jo net all Dag d'Heck geschnidde gett, da kann een bäim Hygiène e container fir déchets de jardinage lounen, den mir dann och weg huelen an tippen gin. Natiirlech géint Bezuelen.
De Locataire muss sech awer selwer drëm këmmeren, wann eng Autorisatioun vun der Voirie/Circulation néideg ass fir de container op der voie publique ze stationnéiren.

3. Aanere wichtege Message! De Grasschnëtt (tonte de gazon) gëtt mat der wöchentlecher Collecte porte-à-porte fir déchets biodégradables « Biomüll » iwert d’ganz Joër GRATIS eweg geholl.
Ganz praktesch an bronge Kiwelen mat Rieder a verschiddene Gréissten (40L, 120L, 240L).

4. Niveau déchets ass d’Gemeng Stroossen NËT mat der Stad Lëtzebuerg gekoppelt! Die Stroossener Gemeng organiséiert hir gestion des déchets selwer.
Fir d’Leit aus der Stroossener Gemeng gëllt natiirlech nët wat hei uewen iwert collecte porte-à-porte vun Jardinage an Biomüll steet. Hei muss een sech zu Stroossen op der Gemeng informéieren.

5.
Die Stroossener Bierger/kleng Betriber gin just fir hire Recyclage gratis oofzegin um Recycling Center zu Lëtzebuerg akzeptéiert (op Grond vun enger Conventioun). Fir sie gëllen awer die selwescht consignes am Recycling Center wéi fir die Stader Leit/kleng Betriber.

6.
Wat de punkt ugeet, d'leit vum hygiène hätten eng persoun bei d'Superdreckskescht geschéckt, du ass bestemmt en Iertum geschitt, well d'Leit sin instruéiert de bierger an sou fäll un d'Firma POLYGONE (dépôt am Val Ste Croix, hannert dem Märeler Kierfeg) oder un de SIGRE zu Flaxweiler (dépôt am Muertendall zu Fluessweller) ze wenden. Mais wéi gesoot ass hei d’Oflueden vun déchets de jardinage géint Bezuelen!



Sujet(s) Lu Ecrit par Déposé le
  Gaardenoofall 418 HEM 20-02-2013 15h21
  Re: Gaardenoofall 370 Moderateur5 25-02-2013 15h37


Seules les personnes enregistrées peuvent poster sur ce forum.
This forum powered by Phorum.